Siwwenzéng Provënzen
Ausgesinn
Siwwenzéng Provënzen ass e Begrëff, mat deem déi Habsburgesch Nidderlanden tëscht 1543 an 1581 genannt ginn.
Wéi de Keeser Karel V. 1543 d'Herzogtum Geldern a säi Besëtz integréiert hat, bestoung e méi oder manner zesummenhängenden Territoire vu senge Grofschaften an Herzogtemer do an der Géigend. Just d'Prënzbistum Léck, tëscht dem Herzogtum Brabant an dem Herzogtum Lëtzebuerg, war eng gréisser Exklav.
- Grofschaft Artois 1.
- Grofschaft Flandern 2.
- Lille, Douais an Orchies 3.
- Herrschaft Mechelen 4.
- Grofschaft Namur 5.
- Grofschaft Hainaut 6.
- Grofschaft Zeeland 7.
- Grofschaft Holland 8.
- Herzogtum Brabant mat der Markgrofschaft Antwerpen 9.
- 10. Herzogtum Limburg mam Pays d'Outre-Meuse
- 11. Herzogtum Lëtzebuerg
- 12. Herrschaft Frisland (zanter 1515)
- 13. Tournai an Ëmgéigend (zanter 1521)
- 14. Herrschaft Utrecht (zanter 1528)
- 15. Herrschaft Overijssel, mat ë. a.Drenthe, Lingen, Wedde an dem Westwoldingerland (zanter 1528)
- 16. Herrschaft Groningen (zanter 1536)
- 17. Herzogtum Geldern an d'Grofschaft Zutphen (zanter 1543)
Och wann d'Zuel 17 net ëmmer wuertwiertlech ze huele war, sou hat de Begrëff "Siwwenzéng Provënzen" sech och doduerch gefestegt, datt et zu engem bestëmmte Moment 17 Representante bei de Generalstaate vun den Nidderlanden zu Bréissel gouf.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]-
I. Grofschaft Artois
-
II. Herzogtum Brabant
-
IV. Grofschaft Flandern
-
V. Frisland
-
VI. Groningen an Ommelanden
-
VII. Herzogtum Geldern
-
VIII. Grofschaft Hainaut
-
IX. Grofschaft Holland
-
X. Herzogtum Limburg
-
XI. Herzogtum Lëtzebuerg
-
XII. Mechelen
-
XIII. Grafschaft Namouer
-
XIV. Overijssel
-
XV. Fürstbistum Utrecht
-
XVI. Grofschaft Zeeland
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Seventeen Provinces – Biller, Videoen oder Audiodateien |