Sophie Brahe

Vu Wikipedia
D'Sophie Brahe

D'Sophie Brahe, gebuer 1556, a gestuerwen 1643 war eng dänesch Astronomin an d'Schwëster vum Tycho Brahe.

An enger Zäit, an där d'Fraen de facto vun naturwëssenschaftleche Beruffer ausgeschloss goufen, ass et der Sophie Brahe gelongen, sech eegestänneg Kenntnesser an der Astronomie unzeeegnen. Géint all Konventioun huet si dacks mat hirem Brudder zesummegeschafft. An hirem Schlass-Observatoire vun Uranienborg huet si Himmelsobservatioune gemaach an huet och en neie Fixstärekatalog vun dausend Stäreplazen zesumegestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie