Sophie vu Lëtzebuerg
Ausgesinn
Sophie vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
14. Februar 1902 Colmer-Bierg |
Gestuerwen |
24. Mee 1941 München |
Papp | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Maria Ana vu Bragança |
Geschwëster | Charlotte vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg |
D'Sophie Caroline Marie Wilhelmine vun Nassau-Weilburg, Prinzessin vu Lëtzebuerg, gebuer de 14. Februar 1902 um Schlass Bierg a gestuerwen de 24. Mee 1941 zu München, war déi jéngst Duechter vum Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg a senger Fra, der Maria Ana vu Bragança, an deemno déi kleng Schwëster vun de Groussherzoginne Marie-Adélaïde a Charlotte.
Den 12. Abrëll 1921 huet si sech um Schlass Hohenburg mam Ernst Heinrich von Sachsen bestuet.
Si kruten dräi Jongen:
- Dedo (1922-2009)
- Timo (1923-1982), bestuet 1952 mat der Erika Montanus, 1956 mat der Margit Lukas (1923-1957), 1966 mat der Charlotte Schwindack (1919) an 1974 mat der Erina Flitz (1921)
- Gero (1925-2003)
D'Sophie vu Lëtzebuerg, bestuet Sophie vu Sachsen, ass 1941 un enger Longenentzündung gestuerwen.