Op den Inhalt sprangen

South African Astronomical Observatory

Vu Wikipedia
South African Astronomical Observatory
Typ Astronomeschen Observatoire, Forschungsinstitut
Datum vum Bau 1820
Websäit https://www.saao.ac.za/
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Südafrika
Regioun/Gemeng Kapstad
Koordinaten 33°56'3,7"S, 18°28'38,6"O
Héicht 15 m
De Kuppelbau vum SALT

De South African Astronomical Observatory (SAAO) ass en Zentrum fir optesch an infraroutgestëtzt Astronomie a Südafrika. Et ass eng Ariichtung vun der National Research Foundation.

Den Haaptsëtz vum SAAO ass am Randberäich vum Observatoire zu Kapstad. D'Haaptteleskopen déi fir Fuerschungszwecker gebraucht ginn, sti bei der Observatiounsstatioun vun der SAAO ronn 4 Autosstonne vun der Stad ewech.

Den SAAO gouf am Januar 1972 vum Council for Scientific and Industrial Research a Südafrika an dem Science and Engineering Research Council aus Groussbritannien zesumme gegrënnt. E kombinéiert d'Ariichtunge vum "Royal Observatory" (1820) an dem "Republic Observatory" (1903) zu Johannesburg an ass doduerch eng grouss Standplaz mat verbesserte Méiglechkeeten.

Portal Astronomie

 Commons: South African Astronomical Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]