Sozialliberal Partei Lëtzebuerg
Ausgesinn
Sozialliberal Partei Lëtzebuerg | |
|---|---|
|
| |
| Ofkierzung | SLPL |
| Nationalpresident | Ronald Mordiconi |
| Vizepresident | Jim Weiland |
| Generalsekretär | Isidore Ramos |
| Generalkeessjee | Brenda Mordiconi |
| Gegrënnt | 30. Juni 2018 |
| Jugendorganisatioun | Sozialliberal Jonk Lëtzebuerg (SLJ) |
| Fraenorganisatioun | Sozialliberal Fraen Lëtzebuerg (SLF) |
| Ideologie | Liberal Politik |
| Politesch Positioun | Sozialliberal |
| Faarwen | Turquoise, Sandgiel a Mof |
| Slogan | Eng liberal Äntwert op eng sozial Fro |
| Websäit | sozialliberal.lu |
D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg (SLPL) ass eng lëtzebuergesch Partei, déi den 30 Juni 2018 zu Esch-Uelzecht gegrënnt gouf[1]. Zil vun der Partei ass Fräiheet a Gläichberechtegung fir all Bierger esouwéi eng vernënfteg, sachlech, analytesch, humanistesch, liberal a fortschrëttlech Politik woubäi och d'Erhale vun der Ëmwelt an Nohaltegkeet eng grouss Roll huet.
De Grondsteen an d'Iddi fir eng Sozialliberal Partei a Lëtzebuerg ze grënnen hat de Ronald Mordiconi, wéi hien den 20. Juni 2018 offiziell aus der FÖDP (Fräi Ökologesch Demokratesch Partei) wéinst Meenungsdifferenzen ausgetrueden ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit vun der SLPL
- "Ronald Mordiconi grënnt nei Partei." Radio 100,7 06 August 2018
- "Mordiconis neue Partei." tageblatt.lu - Pressreader 07 August 2018