Partido Socialista Obrero Español

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Calle Ferraz, 70
28008 Madrid
Spuenien
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 2. Mee 1879
Memberen: 216.954 (2012)[1]
Ideologie: sozialdemokratesch
Faarwen: Rout
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Sozialisten
Websäit: www.psoe.es

De Partido Socialista Obrero Español (kuerz PSOE, spuenesch fir Spuenesch Sozialistesch Aarbechterpartei) ass eng spuenesch sozialdemokratesch politesch Partei.

Si gouf 1879 als sozialistesch a marxistesch Partei gegrënnt an ass déi eelst Partei am Land. D'PSOE konnt sech nieft dem Partido Popular als eng vun de grousse Parteien am Land etabléieren. Si huet tëscht 1982 an 1996 an tëscht 2004 an 2011 regéiert; fir d'éischt mam Felipe González als Ministerpresident (an enger Majoritéitsregierung bis 1993, dann an enger Minoritéitsregierung bis 1996) an duerno mam José Luís Rodríguez Zapatero. Zënter Juni 2018 huet Spuenien mam Pedro Sánchez erëm ee Ministerpresident aus der PSOE.

D'PSOE steet der Gewerkschaft Unión General de Trabajadores (UGT) no. Joerzéngtelaang war eng Memberschaft an der UGT souguer Flicht, fir kënne Parteimember ze ginn. Zënter den 1980er ass de Lien awer manner staark an d'Gewerkschaft huet dacks d'Wirtschaftspolitik vun der PSOE kritiséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Partido Socialista Obrero Español – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. abc.es: La militancia en tiempos de crisis (27. Mee 2013)