Stärewollek

Vu Wikipedia

Als Stärewollek ginn an der Astronomie dicht Usammlunge vu Stären am Liichtband vun der Mëllechstrooss bezeechent, déi mat bloussem A nëmmen als Niwwelfleck erschéngen a meeschtens physesch zesummegehéieren. Si kënnen

  1. aus helle Stäre vun engem noe Spiralaarm vun eiser Mëllechstrooss bestoen oder
  2. aus enger gréisserer Stäregrupp, déi duerch absorbéierend Donkelwolleken eng visuell kompakt Form kréien oder
  3. en noe resp. besonnesch groussen Oppene Stärekoup sinn.

Déi bekanntst Beispiller fir déi dräi Aarte vu Stärewolleke sinn um Summerhimmel ze gesinn:

  1. d'Schëldwollek am Stärebild Scutum – tëscht Aquila (Aadler) a Sagittarius,
  2. de Mëtteldeel vum Stärebild Cygnus, ier sech d'Mëllechstrooss visuell deelt,
  3. déi kleng Sagittariuswollek am Stärebild Sagittarius

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joachim Herrmann, DTV-Atlas Astronomie. DTV-Verlag, 15. Oplo
  • Albrecht Unsöld, Der neue Kosmos. Springer-Verlag, Berlin 2005
  • W. Tirion, R. Sinnott: Sky Atlas 2000.0, 2nd edition, Blätter 15–22, Cambridge University Press