Stéphane Pisani
Stéphane Pisani | |
---|---|
Gebuer |
26. Mäerz 1978 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Riichter |
De Stéphane Pisani, gebuer de 26. Mäerz 1978 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Jurist a Magistrat. Hien ass zanter Mee 2024 Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (EGMR).
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Pisani huet op der Universitéit Montpellier I Droit studéiert, an doran 2002 en Ofschloss gemaach. 2003 krut hien do, zesumme mat der Nottingham Trent University, de Grad vun engem Master an internationalem an europäeschen Droit. 2004 koum en Diplom am Privatrecht derbäi. Nodeems en 2005 säi Wëssen am Lëtzebuerger Droit vun der Universitéit Lëtzebuerg zertifizéiert krut, huet de Pisani als Affekot an der Etude Elvinger, Hoss & Prüssen geschafft, an ass dat Joer drop bei Arendt & Medernach gewiesselt. 2009 ass hien an de Staatsdéngscht agetrueden a gouf Riichter um [Tribunal d'arrondissement (Lëtzebuerg)|Bezierksgeriicht Lëtzebuerg]]. Vun 2010 bis 2013 war hien en nationale Riichter, deen den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ënnerstëtzt huet. 2016 gouf hie Premier-juge um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.
Zanter 2017 enseignéiert hie Leit, déi wëlle Riichter ginn, an de Grond- a Mënscherechter. Vun 2022 bis 2024 war hie Korrespondent fir d'European Judicial Network um Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun. Vun 2023 bis 2024 war hien Ersatzriichter um Lëtzebuerger Verwaltungsgeriicht an um Disziplinargeriicht fir Medezinner.
Am Januar 2024 gouf de Pisani als Nofollger vum Georges Ravarani als Vertrieder vu Lëtzebuerg als Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gewielt.[1] Den 2. Mee 2024 huet hien déi Fonctioun, déi normalerweis bis 2033 geet, ugetrueden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Stéphane Pisani Fiche op echr.coe.int
- ONE JUDGE, THREE QUESTIONS - Stéphane Pisani, Interview miam Stéphane Pisani op youtube.com
Quell
[änneren | Quelltext änneren]Dësen Artikel gouf ugeluecht als Iwwersetzung vu(n) Stéphane Pisani op der däitschsproocheger Wikipedia (an der Versioun vum 15.07.2024).