Op den Inhalt sprangen

St. Gallen

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
St. Gallen
Land Schwäiz
Buergermeeschter Maria Pappa
Awunner 78.213
  31. Dezember 2023
Fläch 39,41 km²
Héicht 675 m
Koordinaten 47°25'24"N, 9°22'38"O
Telefonszon 071
Postcode 9000
Websäit https://www.stadt.sg.ch

St. Gallen (fr. St-Gall, it. San Gallo, rät. Sogn Gagl) asst eng politesch Gemeng an d'Haaptstad vum Kanton St. Gallen an der ëstlecher Schwäiz. St. Gallen huet 74.879 Awunner (Januar 2008) a läit op enger Héicht vu 700 Meter.

D'Stad St. Gallen läit op der Steinach, engem Floss, deen an de Bodensee fléisst. Si gouf am 7. Joerhonnert gegrënnt und gëtt haut als de kulturellen a wirtschaftlechen Zentrum vun der Ostschwäiz betruecht. Si läit op den Haaptverkéiersstrecke St. Margrethen - Rorschach - St. Gallen - Winterthur - Zürich a Romanshorn - St. Gallen - Rapperswil - Luzern an ass d'Paart fir an d'Appenzellerland. Touristesch interessant ass d'Stad duerch seng Stëftskierch an der Stëftsbibliothéik, déi vun der Unesco op d'Lëscht vun de Weltkulturierwen opgeholl goufen. St. Gallen ass och duerch seng Universitéit bekannt.

 Commons: St. Gallen – Biller, Videoen oder Audiodateien