Op den Inhalt sprangen

Steingrímur Hermannsson

Vu Wikipedia
Steingrímur Hermannsson
Gebuer 22. Juni 1928
Reykjavík
Gestuerwen 1. Februar 2010
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun California Institute of Technology
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Autobiograph, Schrëftsteller, Ingenieur

De Steingrímur Hermannsson [ ˈsteinkrimur ˈhɛrmanˌsɔn ], gebuer den 22. Juni 1928 a gestuerwen den 1. Februar 2010, war en islännesche Politiker (Fortschrëttspartei).

Hie war vun 1983 bis 1987 a vun 1988 bis 1991 Premierminister vun Island. Ausserdeem war e fir eng Zäitche Justiz-, Landwirtschafts-, Fëscherei-, Transport- an Ausseminister.

Säi Papp, den Hermann Jónasson, war fréier och Premierminister vu Island.