Stellarstatistik

Vu Wikipedia

D'Stellarstatistik ass en Deelgebitt vun der Astronomie a beschäftegt sech mam Opbau vu Stäresystemer, mat hire Beweegungsverhältnesser am Kär an hirer Verdeelung am Raum.

Bei Honnerte vu Milliarde Stären an engem Stäresystem ass et net méiglech, fir bei all Eenzelobjet d'Vitess an déi physikalesch Eegenschaften eenzel z'ënnersichen. Dofir ass et noutwendeg, eng statistesch Method anzesetzen, fir Eegenschafte vu Stäregruppen z'ënnersichen.

Grondlag vun der Stellarstatistik sinn d'Stärekatalogen, déi ëmmer eng grouss Zuel vu Stären notéieren. Et sicht ee Gruppen eraus mat eenheetleche physikaleschen Eegenschaften (zum Beispill absolut Hellegkeet) an ermëttelt hir Zuel pro Flächeneenheet. Déi Stärenzuel déi do derbäi erauskënnt bilt d'Grondlag fir d'Ënnersich am Kader vun der Stellarstatistik.

D'Ënnersiche vun alle Stären, déi visuell um Himmel ze gesi sinn, ass och net méiglech. Déi verbessert Observatiounsmethode bauen d'Grenze vum visuelle Beräich am Raum weider aus (Visuell Magnitude).

Op den Erkenntnesser vun der Stellarstatistik berouen ë. a. d'Erkenntneser zum Mëllechstroossesystem. Do konnt den Opbau erkläert ginn. De Karl Schwarzschild huet ënner anerem vill zu der Stellarstatisitk bäigedroen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rudolf Kurth: Introduction to stellar statistics. Pergamon, Oxford 1967
  • G. Jogesh Babu, Eric D. Feigelson: Astrostatistics. Chapman & Hall, London 1997, ISBN 0-412-98391-5
  • Jasper Wall, C. R. Jenkins: Practical statistics for astronomers. Cambridge University Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-45416-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie