Stephan VI. (Poopst)

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Stephan VI.[1]

De Réimer Stephan VI. war Poopst vum Mee 896 bis de Juli oder August 897.

Virdru war hie Bëschof vun Anagni, enger klenger Stad an der Regioun Latium südëstlech vu Roum. Dozou war hie vu sengem zweete Virgänger Formosus ernannt ginn. Bei der Poopstwal gouf de Stephan vun der Famill Spoleto ënnerstëtzt.

De Stephan VI. ass virun allem "bekannt" ginn duerch e Prozess deen hien dem Formosus posthum gemaach huet. Op Drock vun der Spoleto-Lobby koum et zu enger ruckelzecher Saach, déi als Läichesynod an d'Geschicht agaangen ass.

Läichesynod[änneren | Quelltext änneren]

Déi hallefgefault Läich vum Formosus gouf am Januar 897, nodeem se scho méi wéi néng Méint begruewe war, ausgegruewen, krut Pontifikalkleeder ugedoen a krut de Prozess gemaach. Et ass dem Poopst drëm gaangen, fir dem Formosus d'Pontifikat ofzespriechen. Duerno krut de Kadaver nees d'Kleeder ausgedoen, krut déi Fangere mat deenen de Formosus de Seege ginn hat erofgeschloen a gouf an den Tiber gehäit.

Da war dem Vollek awer e bësse staark an de Stephan gouf an de Prisong geworf. Do gouf hien am August 897 erwiergt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stephan VI. (Poopst) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger Nofollger
Bonifatius VI. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Romanus

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mat der Nummeréierung ass ee sech alt net ëmmer eens. Mei doriwwer hei (en) an och do (de).