Steve Biko

Vu Wikipedia
Steve Biko
Pseudonym Frank Talk
Gebuer 18. Dezember 1946
King William's Town
Gestuerwen 12. September 1977
Pretoria
Nationalitéit Südafrika
Aktivitéit Gewerkschaftler, Politiker, Schrëftsteller
D'Steve-Biko-Monument zu Nijmegen

De Stephen Bantu Biko, gebuer den 18. Dezember 1946 zu King William's Town, a gestuerwen den 12. September 1977 an enger Prisongszell zu Pretoria, war e bekannte Biergerrechtler a Südafrika. Hie gëllt als de Grënner vun der Black-Consciousness-Beweegung.

Hie gouf no enger Verhaftung vun der Police esou gebeetscht a mëssenhandelt, datt en un de Suiten dovu gestuerwen ass. Domat gouf hien zu engem Symbol vun der Resistenz géint den Apartheid-Regime. D'Autoritéiten hu probéiert, de Grond vu sengem Doud ze vertuschen, mä aner Biergerrechtler, dorënner den Donald Woods an d'Helen Zille, hunn d'Affär international bekannt gemaach. Eng Reaktioun dorop war de Waffenembargo géint Südafrika, dee vum UN-Sécherheetsrot gestëmmt gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Steve Biko: "I write what I like". University of Chicago Press, Chicago 2002, ISBN 0226048977.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steve Biko – Biller, Videoen oder Audiodateien