Stréihallem

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Stréihällem

E Stréihallem oder Schallimo ass e klenge Rouer vun e puer Millimeter Duerchmiesser, mat deem sech duerch Ënnerdrock (duerch d'Suckele mam Mond) eng Flëssegkeet aus engem Behälter (z. B. engem Glas oder enger Fläsch) drénke léisst.

Wéi hiren Numm et noleet, waren et fréier Hällem aus Stréi, déi geholl goufen fir drun ze suckelen. Dono ware se laang aus Plastik, wat als Folleg hat, datt der vill dovun an der Natur oder am Mier gelant sinn.

Zanter dem 3. Juli 2021 ass et an de Memberlänner vun der Europäescher Unioun net méi erlaabt, Schallimoen a soss Geschier aus Plastik ze verkafen.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stréihällem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Stréihallem Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Kee Plastiksgeschier a Schallimoe méi vum 3. Juli un." rtl.lu, 02.07.2021.