Superflare
E Superflare ass eng Eruptioun op engem sonnenänleche Stär bei deem eng Energie vun 1033 bis 1038 erg an engem Zäitraum vun enger Stonn fräigesat gëtt. D'Superflares si bis zu enger Milliounmol méi energieräich wéi déi gréisst bis elo observéiert Sonneneruptiounen.
Sonneneruptiounen an d'Flares bei UV-Ceti-Stäre sinn all eng Folleg vu magnéitesche Kuerzschlëss vun de stellare Feldlinnen an der Korona. Déi dobäi fräigesat Energie schleidert Partikelen an d'Chromosphär déi ënner der Korona läit, déi do mat der méi dichter Matière kollidéieren. De Plasma vun der Chromosphär gëtt dobäi opgewiermt a mat héijer Vitess an d'Korona gedriwwen. D'Flares kënnen am Beräich vun der Röntgenstralung, Radiostralung, Ultraviolettstralung an am visuelle Liicht nogewise ginn. Superflares ënnerscheede sech vun normale Flares, wéi si a Flares-Stären, BY-Draconis-Stäre, FK-Comae-Berenices-Stären, RS-Canum-Venaticorum-Stären an an interaktiven Algolstären optrieden, nëmmen duerch d'Gréisst vun der fräigesater Energie.
Superflares triede bei sonnenänleche Stären op. Dobäi hu si eng méi grouss Bedeckung mat Stäreflecke wéi eis Sonn, woubäi s'awer net méi séier rotéiere wéi d'Sonn. Normalerweis ass eng séier Rotatioun eng Viraussetzung fir héich chromosphäresch Aktivitéit an der Stellarphysik. Et besteet eng Bezéiung tëscht där mat Stäreflecke bedeckter Fläch an der wärend dem Superflare fräigesater Energie. En equivalenten Zesummenhank ass och op der Sonn tëscht der Fläch vun de Sonneflecken an der bolometrescher Liichtkraaft vu Flares observéiert ginn. Dat léisst unhuelen, datt déi wärend de Superflares ofgestraalt magnéitesch Energie an oder ëm d'Stäreflecken erëm gespäichert goufen. Stäre mat observéierte Superflares schéngen en däitlech méi staarkt globaalt Magnéitfeld ze hunn wéi d'Sonn. D'Meenung, datt d'Superflares duerch e Kuerzschluss vu Magnéitfelder tëscht engem Hot Jupiter an engem aktive Stär ervirgeruff ginn, gouf mat neien Observatiounen net konfirméiert.
Sonnenänlech Stäre mat Superflares ginn net vun Hot Jupiteren ëmkreest. Observatioune mam Kepler-Weltraumteleskop hunn Hypotheese widderluecht, wouno déi staark magnéitesch Aktivitéit op dëse Stären eng Folleg vun enger gebonnener Rotatioun tëscht engem Planéit an engem Stär ass, bei deenen d'Magnéitfelder vu béide Stären interaktiv sinn. D'Parametere vun der Rotatiounsvitess, d'Magnéitesch Flossdicht, e stellaren oder grousse planetare Begleeder, déi effektiv Temperatur, d'Uewerflächenacceleratioun an d'Metallizitéit vu G-Stäre mat Superflares ënnerscheede sech all net wiesentlech vun deene vun der Sonn. Et kéint dofir sinn, datt Superflares och op der Sonn optrieden.
Superflares mat enger Energie vu méi wéi 1037 erg schiedege bei äerdänleche Planéiten an der habitabler Zon d'Ozonschicht a kënnen d'Ursaach fir Massenextinktioune vu Liewe sinn. Superflares um ënneschten Enn vun der Energieskala mat Energië vun 1034 erg trieden all 800 Joer bei sonnenänleche Stären mat Rotatiounsperiode vun 10 Deeg op an Eruptioune vun 1035 erg duerchschnëttlech all 5000 Joer. Déi Evenementer kënne warscheinlech och op der Sonn optrieden a géife souwuel d'Bordelektronik vun alle Satellitten wéi och dat elektrescht Héichspannungsnetz schwéier beschiedegen.