Superhero (Kuerzfilm)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kuerzfilm Superhero. Fir de Laangspillfilm, kuckt wgl. Superhero (Film 2021). |
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Däitschland, Lëtzebuerg, Vereenegt Staate vun Amerika |
Produktiounsjoer | 2020 |
Première | 9. Mäerz 2020 |
Dauer | 12 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 2,39:1 |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Émile V. Schlesser |
Dréibuch | Émile V. Schlesser |
Fotografie | Joel Froome |
Musek | Émile V. Schlesser |
Schnëtt | Émile V. Schlesser |
Dekoren | Christina Schaffer |
Costumedesign | Uli Simon |
Produzent | Fabien Colas |
Schauspiller | |
Maria Dragus, Nico Randel, Jannik Schümann, Charlotte Woolfe, Etienne Halsdorf | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Superhero ass e Kuerzfilm vum Émile V. Schlesser aus dem Joer 2020, mam Nico Randel, Maria Dragus a Jannik Schümann an den Haaptrollen. D'Première war den 9. Mäerz 2020 um LuxFilmFest[1]. Dat selwecht Joer huet de Film de 13th Street Shocking Short Award gewonnen, deen um Filmfest München vum NBCUniversal-Sender 13th Street verdeelt gëtt.[2][3]
Synopsis
[änneren | Quelltext änneren]De Max, e jonke Mann mat Down Syndrom, hëlt d'Identitéit vun engem Superheld un, fir den néidege Courage opzebréngen, fir enger Kandheetsfrëndin seng Léift ze gestoen. Wéi hien onerwaart op hirer Party opdaucht, léisst hie sech op eng Muttprouf an, déi fuerchtbar schif geet.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Shocking Shorts Award (2020)
- "Prädikat: Wertvoll" vun der Deutsche Film- und Medienbewertung
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit
- Fiche op luxfilmfest.lu
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ SUPERHERO | Luxembourg City Film Festival. www.luxfilmfest.lu Archivéiert de(n) 2022-08-10. Gekuckt de(n) 2022-03-21.
- ↑ sky.de, "Shocking Short"-Gewinner Émile V. Schlesser im Interview. www.sky.de. Gekuckt de(n) 2022-03-21.
- ↑ 13th Street Shocking Short. www.filmfest-muenchen.de. Gekuckt de(n) 2022-03-22.