Susa

Vu Wikipedia

Susa (Farsi: شوش, Hebräesch: שושן (Schuschan); Algriichesch: Σοῦσα, lat.: Susa) war eng antik Stad am Südweste vum haitegen Iran no bei der irakescher Grenz an der Provënz Chuzestan um Bord vun der haiteger Stad Schusch. Susa ass eng vun den eelste Stied vun der Welt, déi riichtduerch besidelt waren.

Vum drëtte bis zum éischte Joerdausend v. Chr. war Susa mat kuerzen Ënnerbriechungen d'Haaptstad vum Elam-Räich a blouf och nach no deem sengem Ënnergang e wichtegen urbanen Zentrum. Eng sëllegen archeologesch Ausgruewungen hu räichlech Fondsaachen un d'Dagesluucht bruecht, wéi z. B. de Codex Hammurapi.

Sphinx mat Flilleken aus dem Darius dem Grousse sengem Palais (haut am Louvre).

Susa ass besonnesch bekannt wéinst der Zäit wou et Haaptstad vum Achämenidesche Groussräich war. D'Buch Ester aus der Bibel spillt gréisstendeels zu Susa an der Zäit vum Xerxes I. . Deemools gouf och de grousse Palais vum Dareios I. gebaut, deen haut nach ëmmer ze gesinn ass. De Bau war räich mat Plättercher mat Reliefer dekoréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Amiet: Suse. 6000 ans d'histoire. Réunion des musées nationaux, Paris 1988.
  • Prudence O. Harper, Joan Aruz, Françoise Tallon (Hrsg.): Musée du Louvre. The royal city of Susa. Ancient Near Eastern treasures in the Louvre. New York 1993.
  • Prudence O. Harper, Joan Aruz, Françoise Tallon (Hrsg.): La Cité royale de Suse. Trésors du Proche-Orient ancien au Louvre. Réunion des musées nationaux, Paris 1994 (Ausstellungskatalog).
  • Daniel T. Potts: The Archaeology of Elam. Cambridge University Press, Cambridge 1999, ISBN 0-521-56358-5.
  • François Vallat: Suse et l'Elam, Paris 1980

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Susa – Biller, Videoen oder Audiodateien