Sydney Opera House

Vu Wikipedia
Sydney Opera House
D'Operenhaus 2015
Land Australien
Plaz Sydney
Koordinaten 33° 51’ 22’’ S 151° 12’ 55’’ O
Fläch 3,82965264 ha
Architekt(en) Jørn Utzon
Statut UNESCO-Weltkulturierwen
Datum vum Bau 1959-1973
Opgaangen 20. Oktober 1973

D'Sydney Opera House ass ee vun den am meeschte markanten a berüümte Gebaier vum 20. Joerhonnert an d'Emblem vun der australescher Stad Sydney. Et gouf vum däneschen Architekt Jørn Utzon (1918–2008) entworf.

2005 gouf et an d' Australian National Heritage List, an den 28. Juni 2007 op d'Lëscht vun den UNESCO-Weltierwen agedroen.

De Bau, dee vun 1959 bis 1973 gedauert huet, huet e puer Joer méi laang gedauert a 14,3-mol méi kascht wéi ufanks geplangt.

D'Gebai ass 184 Meter laang, 118 Meter breet a bedeckt eng Surface vu ronn 1,8 Hektar. Säin onverwiesselbaren Daach ass 67 Meter héich a mat 1.100.000 glaséierten, wäissen, blénkege Keramikplättercher aus Schweden verkleet. Et steet op 580 Péil, déi 25 Meter déif am Buedem verankert goufen, a weit eng 160.000 Tonnen.

Et steet um Bennelong Point, eng Hallefinsel am Hafen op där anerer Säit vun der 1932 gebauter Sydney Harbour Bridge.

Bannenan[änneren | Quelltext änneren]

Bannen am Operenhaus si fënnef Theatere mat am Ganze 5.541 Sëtzplazen: D' Concert Hall mat 2.688 Sëtzer, den Joan Sutherland Theatre, fir Operen, mat 1.547 Sëtzer, d' Drama Theatre mat 544 Sëtzer, d' Playhouse mat 398 an de Studio Theatre mat 364 Sëtzer. Ënner de ronn 100 Raim si fënnef Proufstudioen, e Kino, 60 Garderoben, véier Restauranten, sechs Baren an e puer Souvenirsbutteker.

Bannenan

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • O. Arup, R. S. Jenkins: The evolution of the design of the concourse at the Sydney Opera House, Proc. Inst. Civil Eng., Band 39, April 1968, S. 541–565
  • Bent Flyvbjerg: Design by Deception. The Politics of Megaproject Approval. In: Harvard Design Magazine, Volume 22, Spring/Summer 2005, (PDF-Datei, 4,43 MB).
  • Anne Watson (Hrsg.): Building a Masterpiece. The Sydney Opera House. Lund Humphries, 2006, ISBN 978-0-85331-941-2

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sydney Opera House – Biller, Videoen oder Audiodateien