Op den Inhalt sprangen

Sylvie-Anne Thyes

Vu Wikipedia
Sylvie-Anne Thyes
Gebuer 17. Januar 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Kofferstiecher, Lycéesprofesser
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Geschwëster Félix Thyes

D'Sylvie-Anne Thyes, gebuer de 17. Januar 1946 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Molerin, Graveuse a fréier Lycéesprofessesch.[1]

Liewen a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

D'Sylvie-Anne Thyes ass d'Duechter vum Dr. Auguste Thyes, engem Orthoped, an der Charlotte Geiershoefer. Si huet op der École des beaux-arts et arts zu Nanzeg (1964–1967) an op der Kunstgewerbeschule zu Zürich (1968–1969) studéiert. D'Graphik huet s'op der Internationaler Summerakademie zu Salzburg (1974), um Istituto Statale d'Arte zu Urbino (1976) an an der Cité internationale des arts zu Paräis (1977) geléiert. 1974 ass si Zeecheprofessesch am Meedercherslycée an der Stad Lëtzebuerg ginn.

D'Sylvie-Anne Thyes produzéiert Gravuren a gemoolt Biller. Si ass Member vum Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1968 un, op de Salonen ausgestallt huet.[2]

1980 huet si de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.

Si huet bei méi wéi 80 nationalen an internationale Kollektiv-Ausstellungen matgemaach.[3]

D'Sylvie-Anne Thyes ass d'Schwëster vum Félix Thyes

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en)D'Sylvie-Anne Thyes am Lëtzebuerger Konschtlexikon. MNAHA. Gekuckt de(n) 5. Februar 2025.
  2. D'Sylvie-Anne Thyes op der Websäit vum Cercle Artistique de Luxembourg an der Galerie-Artistes
  3. (fr)Michel Schroeder, Du grand art, simplement, par évidence!. zlv.lu (21.05.2021). Gekuckt de(n) 22.01.2025.