Transmission voie-machine

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) TVM 430)

D'Transmission voie-machine och Transmission Voie Machine[1] ass en Zuchsécherungs- a Signalsystem deen an den 1970 er Jore vun der franséischer Firma CSEE entwéckelt gouf an deen op Héichvitessstrecken a Frankräich, an der Belsch a Grousbritannien an a Südkorea agesat gëtt, souwéi a China op klassesche Strecken. En iwwerdréit Informatiounen iwwer d'Streck (héchst zougeloosse Vitess, Pantograph erop- oder eroffueren, etc.) vum Gleis an d'Kabinn vum Zuch.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwou verschidde Versioune vum TVM, den TVM 300 an den TVM 430.

Den TVM 300 ka bis zu enger Linnevitess vun 300 km/h op enger Linn agesat ginn, wärend den TVM 430 bei Vitessen iwwer 300 km/h agesat gëtt. Béid Versioune baséieren um Prinzip vun de kodéierte Gleisstroumkreesser. Dobäi gëtt um Enn vun all Blockofschnëtt eng Wiesselspannung a béid Schinnen agespeist, déi fir déi benotzt Drofrequenzen elektresch isoléiert sinn. D'Drofrequenze vu 1700, 2000, 2300 an 2600 Hz, ofhängeg vu Gleis a Blockofschnëtt, gi mat 10,3 bis 29 Hz frequenzmoduléiert. Mat 10 Meter laange Schläifen am Gleis kënnen zousätzlech Informatioune wéi Ufank/Enn vun enger LGV oder Pantograph erop oder eroffueren signaliséiert ginn.

Iwwer d'Modulatioun léisst sech eng kontinuéierlech Informatioun an d'Kabinn vum Zuch iwwerdroen. Am TVM 300 sinn dat 18 Ënnerfrequenzen (Modulatioune vun den Trägerfrequenzen), vun deenen ëmmer eng eenzeg aktiv ass an eng eenzeg Informatioun an d'Kabinn iwwerdroe kann. Beim TVM 430 ginn et 27 Ënnerfrequenzen, déi an alle méigleche Kombinatiounen zesummegesat kënne ginn. Doduerch entsteet e 27-Bit Wuert (all Bit ass eng Ënnerfrequenz déi entweeder un oder aus ass), dat aus Netzwierkcode (3 Bits), Geschwindegkeet (8 Bits), Blocklängt (6 Bits), Gefäll (4 Bits) an enger 6-Bit-CRC (Prüfzomm) fir D'Feelerprüfung besteet.

Kabinnesignalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Kabinnesignaler
Numm Signal Limitéiert Vitess
Aktuell Noutbrems Am nächste Block
Rouge
Repère F: 30 km/h 35 km/h 0 km/h oder 30 km/h (Markéierung F oder Nf)
Repère Nf: 0 km/h
Zéro

(Avertissement 0)

Viregt Signal = 80A: 80 km/h 90 km/h
Viregt Signal = 160A: 160 km/h 170 km/h
080E

(Exécution 80)

80 km/h 90 km/h 80 km/h
080A

(Annonce 80)

160 km/h 170 km/h
160E

(Exécution 160)

160 km/h
160A

(Annonce 160)

220 km/h 235 km/h
220E

(Exécution 220)

220 km/h
220A

(Annonce 220)

270 km/h 285 km/h
270V
270 km/h
270VL

(Voie Libre 270 km/h)

270A

(Annonce 270)

300 km/h 315 km/h
300V
300 km/h
300VL

(Voie Libre 300 km/h)

  1. Larousse des trains et des chemins de fer, Säit 436.