Tamara Kapp
Tamara Kapp | |
---|---|
Gebuer | 16. September 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
D'Tamara Kapp, gebuer de 16. September 1971 an der Stad Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch Multimedia-Kënschtlerin.
Vun 1993 bis 1999 huet si op der Staatliche Akademie der Bildenden Künste zu Stuttgart studéiert.
1999 gouf si um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix d'encouragement aux jeunes artistes ausgezeechent.