Terzan 7

Vu Wikipedia
Terzan 7
Kugelstärekoup
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 17m 43.92s
Deklinatioun - 34° 39' 27.8"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude 12.0[2] mag
Wénkelduerchmiesser 7′.3[2]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 75700[2]
Alter 7,5 Mrd.[3]
Geschicht
Entdecker Terzan Agop
Entdeckungsdatum 1968

Den Terzan 7 ass e Kugelstärekoup an der Sagittarius-Zwerggalaxis, deen am Joer 1968 vum Astronom Terzan Agop entdeckt gouf.

Wärend bal all d'Kugelstärekéip am Mëllechstroossen-Halo virun 12-15 Milliarde Joer entstane sinn, gëtt fir den Terzan 7 an e puer aner Kugelstärekéip[4] déi haaptsächlech zu der Sagittarius-Zwerggalaxis gehéieren, eng däitlech spéider Entwécklung ugeholl. Déi Donnéeë loossen unhuelen, datt och den Terzan 7 do entstanen ass.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ryan Goldsbury, Harvey B. Richer, Jay Anderson, Aaron Dotter, Ata Sarajedini, Kristin Woodley: The ACS Survey of Galactic Globular Clusters. X. New Determinations of Centers for 65 Clusters The Astronomical Journal, December 2010, S.1830–1837
  2. 2,0 2,1 2,2 Terzan 7@seds
  3. Doug Geisler, Gearge Wallerstein, Verne V. Smith, Dana I. Casetti-Dinescu: "Chemical Abundances and Kinematics in Globular Clusters and Local Group Dwarf Galaxies and Their Implications for Formation Theories of the Galactic Halo" in: The Publications of the Astronomical Society of the Pacific, September 2007, S. 939–961
  4. Palomar 1, Palomar 3, Palomar 4, Palomar 12, Palomar 14, Ruprecht 106, IC 4499, Arp 2, Eridanus-Stärekoup, Fornax 4
  5. Sidney van den Bergh: Young Globular Clusters and Dwarf Spheroidals, The Astrophysical Journal, February 2000, S. 777–782