Palomar 4
Ausgesinn
|
Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop. | |
| Stärebild | Ursa Major (UMa) |
|---|---|
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
| Rektaszensioun | 11h 29m 17s |
| Deklinatioun | + 28° 58' 25" |
| Ausgesinn | |
| Visuell Magnitude | +14,2 mag |
| Wénkelduerchmiesser | 2,1' |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Gehéiert zu |
Mëllechstrooss (baussenzegen Halo) |
| Distanz (Lj) | 356200 |
| Radialvitess | 74,5 |
| Geschicht | |
| Entdecker | Edwin Hubble |
| Entdeckungsdatum | 1949 |
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
| 1126+292 | |
| UGCA | 237 |
| GCl | 17 |
De Palomar 4 (kuerz: Pal 4) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Ursa Major.
De Pal 4 gouf am Joer 1949 vum Edwin Hubble entdeckt an e Joer méi spéit vum Albert George Wilson nach eng Kéier opfonnt.
Am Ufank gouf de Pal 4 zäitweis als Zwerggalaxie notéiert. Spéider gouf awer festgestallt, datt et sech ëm e Kugelstärekoup handelt. Déi hellst Eenzelstären hunn eng visuell Magnitude vun 18 mag.[1]