Tex Avery

Vu Wikipedia
Tex Avery
Gebuer 26. Februar 1908
Gestuerwen 26. August 1980
Burbank
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Animateur, Synchronspriecher, Storyboard-Zeechner, Regisseur

De Frederick Bean "Tex" Avery, gebuer de 26. Februar 1908 zu Taylor, am Texas, a gestuerwen de 26. August 1980 zu Burbank, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Regisseur an Zeechner vun Dessins-animés-Filmer.

Hien huet ufanks bei de Warner Brothers Regisseur bei Zeechentrickfilmer aus de Serië Looney Tunes an Merrie Melodies, an ass 1941 bei d'Metro-Goldwyn-Mayer (MGM) gewiesselt, wou e seng eege Filmer maache konnt..

Wéi keen Aneren huet den Tex Avery d'Méiglechkeete vum Zeechentrick duerch total geckeg Iwwerdreiwungen bis op dee leschte Stëppel ausgenotzt. Seng Personnage lafen alt "aus dem Bild" oder duerch de Vir- oder Nospan, hunn d'Bild "opgehuewen" fir an déi nächst Zeen ze kucken, oder duerchbriechen déi "véiert Mauer", andeems s'op eemol matzen an enger dramatescher Zeen mam Publikum schwätzen ("Exciting, isn't it?") Seng bekanntst Figure sinn (fir d'Warner Brothers) d'Int Daffy Duck an de Jeeër Elmar Fudd (béid 1937) an den Hues Bugs Bunny (1940) - deem säin Erkennungssaz "What's up, Doc?" och vum Avery ass - a, fir d'MGM, den driipsegen Hond Droopy (1942), dat geckegt Kaweechelchen Screwy Squirrel (1944), an d'Bieren George and Junior (1946). Bekannt ass och de Personnage vum Wollef (dacks an zimmlech veréckte Märerchersadaptatiounen), dee koplett duerchdréint, wann en eng flott Fra gesäit.

Ausgewielt Zeechentrickfilmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1939: Detouring America (Warners Merry Melodies)
  • 1940: A Wild Hare (Warners Merry Melodies; éischten Optrëtt vum Bugs Bunny
  • 1941: Down on the Farm
  • 1942: Blitz Wolf (MGM)
  • 1943: Red Hot Riding Hood (MGM)
  • 1943: What's Buzzin' Buzzard? (MGM)
  • 1944: Screwball Squirrel (mam Screwy Squirrel, MGM)
  • 1944: Happy-Go-Nutty (MGM)
  • 1944: The Screwy Truant (MGM)
  • 1944: Big Heel-Watha (MGM)
  • 1945: Jerky Turkey (MGM)
  • 1945: Swing Shift Cinderella (MGM)
  • 1946: Lonesome Lenny (MGM)
  • 1953: Little Johnny Jet (MGM)
  • 1954: Billy Boy (MGM)
  • 1955: Crazy Mixed Up Pup (Walter Lantz Productions)
  • 1955: The Legend of Rockabye Point (Walter Lantz Productions)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Patrick Brion, Tex Avery: Tex Avery. Schuler, Herrsching 1986, ISBN 3-7796-5238-2.
  • Joe Adamson: Tex Avery: King of Cartoons. The Man Who Created Bugs Bunny, and the Story Behind Those Lunatic Looney Tunes. Da Capo Press, New York 1985, ISBN 0-306-80248-1.

DVD[änneren | Quelltext änneren]

Op DVD ass eng Spezialeditioun Tex Avery mat 5 DVDen a 66 Kuerzfilmer erauskomm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]