Théo Mey

Vu Wikipedia
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Théo Mey, gebuer den 18. Abrëll 1912 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 25. August 1964 zu Eech (Stad Lëtzebuerg) no engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Bankemployé a Fotograf.

Hien huet seng Fotoen a lëtzebuergeschen an auslänneschen Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert. Wéi d'Héich Autoritéit vun der CECA sech 1952 zu Lëtzebuerg néiergeloss huet, war hien mam Tony Krier een vun den aktivsten fräiberufflechen Fotografen, een deen all wichtegt Ereegnes ofgedeckt huet an deem seng Fotoen an de Fotothéiken erhale blief sinn.

Hie war och e Motorsportler a Liichtathlet an huet Handball gespillt.

Seng ronn 400.000 Fotoe sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg archivéiert.