Théo Sünnen

Vu Wikipedia
Théo Sünnen
Gebuer 1895
Rëmerschen
Gestuerwen 9. Februar 1976
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur


Den Théo Sünnen, gebuer 1895 zu Remerschen a gestuerwen den 9. Februar 1976 war e lëtzebuergeschen Ingenieur.

Den Théo Sünnen krut 1919 op der Universitéit vu Lausanne en Diplom als Maschinnebauingenieur. Vun 1919 bis 1922 huet hien e Stage bei Brown & Boveri gemaach a krut säin Doktertitel an technesche Wëssenschaften.

Vun 1922-1928 hat hie verschidde Plaze bei der ARBED, a vun 1928 bis 1939 war e Chef-Ingenieur bei der AEG zu Lëtzebuerg.

De 27. November 1939 krut hien en Nominatioun als Ingenieur-Direkter beim SES an hien huet déi Plaz den 9. Dezember 1939 ugetrueden. Nom Zweete Weltkrich gouf hien Ingenieur-Direkter beim DEA, gläichzäiteg mat der selwechter Fonction beim SES.

Am weidere Verlaf vu senger Carrière war hien ë. a. Grënnungsmember vum Conseil Supérieur des Distributions d'Eau, vun der Commission Benelux des canalisations enterrées a vum Comité Européen d'études de la corrosion et de la protection des canalisations.

Den 1. November 1960 krut hien d'Pensioun.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N°10 vum 23. Februar 1952 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen