The Undertaker

Vu Wikipedia
The Undertaker
Gebuer 24. Mäerz 1965
Houston
Nationalitéit USA
Aktivitéit Catcher
Gréisst 208 Zentimeter
Gewiicht 150 kg

De Mark William Calaway, gebuer de 24. Mäerz 1965 zu Houston, am Texas, besser bekannt ënnert sengem Wrestlernumm The Undertaker, ass en US-amerikanesche Catcher.

Hie steet zanter 1990 bei der amerikanescher Wrestlingliga WWE ënner Kontrakt.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Virun der WWE[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1989 bis 1990 war de Calaway bekannt als Mean Mark Callous, a stoung bei der World Championship Wrestling ënner Kontrakt. Am Mäerz 1990 stoung heen kurz als Punisher Dice Morgan bei NJPW am Ring, ier hie bei d'World Wrestling Federation gewiesselt ass.

WWF/WWE[änneren | Quelltext änneren]

An der WWF entstoung dunn de Gimmick The Undertaker, en Doudegriewer.

De Gimmick gouf dei éischt Kéier bei der WWF Pay-per-view Survivor Series am November 1990 virgestallt.

De Calaway hält de Rekord fir dei meescht Victoiren hannereneen an der Geschicht vu Wrestlemania, nämlech 21.

De Calaway um Réck vum Brock Lesnar bei WrestleMania.

Am Abrëll 2014 koum déi Serie op en Enn, wei hie bei Wrestlemania XXX géint de Brock Lesnar verluer huet.

Titelen[änneren | Quelltext änneren]

De Calaway mam World Heavyweight Championship bei WrestleMania XXIV.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Undertaker – Biller, Videoen oder Audiodateien