Theon Senior (Moundkrater)
Ausgesinn
|
De Moundkrater Theon Senior mat Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
| Koordinaten | 0°48'36"S, 15°25'12"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 18,02 km |
| Déift | 3.470 m |
| Selenographesch Längt | 345° bei Sonnenopgank |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ20 |
Den Theon Senior ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit nordwestlech vum Krater Delambre a südlech vum Krater D'Arrest. Hie bilt zesumme mam Krater Theon Junior deen a süd-südëstlecher Richtung läit eng Zwillingskoppel.
Den Theon Senior ass kreesronn a schosselfërmeg. Um Fouss vu senge géie bannenzege Wänn läit e klenge Kraterbuedem. De Krater huet nëmme minimal Erosiounsspueren a schéngt nach relativ jonk ze sinn.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 0,21° S, 15,37° O | 5 km | |
| B | 0,16° N, 14,09° O | 6 km | |
| C | 1,43° S, 14,48° O | 5 km |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Krater Theon Senior am "Digital Lunar Orbiter Photographic Atlas of the Moon"
- Moundkaart 78: De KraterTheon Senior läit uewe lénks