Op den Inhalt sprangen

Theta Aurigae

Vu Wikipedia
Theta Aurigae
D'Stärebild Auriga
Stärebild:Auriga (Aur)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun05h 59m 43s
Deklinatioun+ 37° 12' 45"
Visuell Magnitude+ 2,62 bis 2,70 mag
Spektralklass:A0p
Astrometrie
Radialvitess:? km/s
Parallax(18,83 ± 0,81) mas
Distanz(173 ± 7) Lj.
PC = (53,1 ± 2,3)
Absolut Hellegkeet
Physikalesch Eegenschaften
Mass:M☉
Radius:R☉
Liichtkraaft:L☉
UewerflächentemperaturK
Aner Bezeechnungen
ADSADS 4566
Bayer-Bezeechnungθ Aurigae
Bonner DuerchmusterungBD +37° 1380
Bright Star CatalogueHR 2095
Flamsteed-Bezeechnung37 Aurigae
Henry-Draper-KatalogHD 40312
Hipparcos-KatalogHIP 28380
SAO-KatalogSAO 58636
Tycho-KatalogTYC 2418/1573/1

Den Theta Aurigae (θ Aurigae / ϑ Aurigae) ass en Ap-Stär am Stärebild Auriga mat enger visueller Hellegkeet vu ronn 2,7 mag a läit ongeféier 170 Liichtjoer vun eis ewech. Op enger Distanz vu knapps 4 Bousekonne läit e potentielle Begleetstär mat der Spektralklass G2 V a mat enger visueller Hellegkeet vu 7,2 mag. Wann et sech (wat nach net sécher ass) ëm en Duebelstäresystem handelt, da wier d'Ëmlafperiod am Beräich vu 700 Joer.

De Stär huet den historeschen Numm Mahasim (vum arab. المِعْصَم, al-micşam, "Handgelenk (vum Fouermann)"), Bogardus souwéi – an der traditioneller chineesescher Astronomie – 五車四.