Thomm
Ausgesinn
| Thomm | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Däitschland |
| Bundesland | Rheinland-Pfalz |
| Krees |
|
| Verbandsgemeng |
|
| Gemeng | Landkrees Tréier-Saarburg |
| Awunner | 1.073 (31. Dezember 2023) |
| Fläch | 449 ha |
| Héicht | 462 m |
| Koordinaten | 49°44'10"N, 6°48'0"O |
| Telefonszon | 06500 |
| Postcode | 54317 |
| Websäit | http://www.thomm-online.de |
|
| |
|
| |
Thomm ass eng däitsch Uertschaftsgemeng bei Tréier, a läit bei der Bundesstrooss 52 op hallwer Streck tëscht Tréier an Hermeskeil.
Se gehéiert zu der Verbandsgemeng Ruwer am Landkrees Tréier-Saarburg am Bundesland Rheinland-Pfalz.
1.053 Awunner (Stand: 2004) liewen op enger Fläch vu 4,49 km². De Postcode vun Thomm ass: 54317.
Geographesches
[änneren | Quelltext änneren]Thomm läit op enger Héicht vu 450 Meter.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Den Hinkelstein, e Menhir aus wäissem Quaarz, deen 2 m aus dem Buedem eraussteet.[1]
- Den Thommer Hübel (Hübel = Hiwwel), e fréigeschichtlechen Tumulus, deen 2,50 m héich ass an en Duerchmiesser vu 25 m huet. Dëst Graf vun engem fréikelteschen Adelegen ass 1939 ausgegruewe ginn. D'Grafkummer war awer schonn zerstéiert an ausgeraibert ginn; e puer interessant Saache konnten trotzdeem fonnt ginn, z. B. Reschter vun enger etruskescher Schniewelkan an Deeler vun zwéi Bronzekëmp (dt.: Bronzebecken).[2] Den Numm vun der Uertschaft léisst sech op dat laténgescht Wuert tumulus (Graf, Grafhiwwel) zeréckféieren.[3]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Den neie Sprangbur zu Thomm
-
De Menhir bei Thomm
-
Den Tumulus bei Thomm
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Thomm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Touristinformation Ruwer: Hinkelstein bei Thomm (Menhir). Archivéiert de 17.06.2015. Gekuckt den 19.09.2010.
- ↑ Touristinformation Ruwer: Das Fürstengrab von Thomm. Archivéiert de 17.06.2015. Gekuckt den 19.09.2010.
- ↑ Cf. Anen, P., 1945. Luxemburgs Flurnamen und Flurgeschichte. Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, S. 65: "Tumulus, tumba und die Abwandlungen Thomm, Tomm, Thonn u. a. bezeichnen Grabstätten, vielfach aus der Frühgeschichte."
