Op den Inhalt sprangen

TikTok

Vu Wikipedia
De Logo vun TikTok

TikTok ass e Videoportal fir Kuerzvideoen, dat zousätzlech och Funktioune vun engem sozialen Netzwierk ubitt a vun der chineesescher Entreprise ByteDance bedriwwe gëtt. An der Volleksrepublik China leeft et an enger zenséiert Versioun ënnert dem Numm Douyin (chineesesch 抖音短视频). Et ass als mobil App fir d'Betribssystemer Android an iOS verfügbar.

Zënter senger Aféierung am Joer 2016 huet TikTok sech zu enger vun de weltwäit beléiftste Plattforme fir Sozial Medien entwéckelt. D'Applikatioun benotzt Recommendatiouns-Algorithmussen, fir Content Creatoren an Influencer mat neien Zilgruppen ze verbannen. Bis Abrëll 2020 gouf TikTok iwwer zwou Milliarde mol erofgelueden.[1] D'Beléiftheet vun der App huet viral Trenden a Beräicher wéi der Musek an dem Iessen erméiglecht an de kulturellen Afloss vun der Plattform weltwäit gesteigert.

D'Plattform ass wéinst Bedenken hisiichtlech Daten- a Jugendschutz, an och Spionage, Propaganda an Zensur zugonschte vun der chineesescher Regierung ëmstridden. Déi Bedenke ginn expriméiert, well d'App déif an d'Privatsphär vun de Benotzer agräift, an deem se op de Cache zougräift a potenziell sensibel Date sammelt.[2] Et gëtt ënner anerem kritiséiert, datt d'Algorithmusse bestëmmt Gruppe benodeelegen a Contenu zenséieren, deen der chineesescher Regierung net gefalen kéint.[3],[4]

Commons: TikTok – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. rtbf.be: TikTok dépasse les 2 milliards de téléchargements vum Anthony Mirelli (30. Abrëll 2020)
  2. spiegel.de: Warum TikTok so interessant ist – und trotzdem ein Problem vum Sacha Lobo (11. August 2022)
  3. n-tv.de: "China kann Inhalte bei Tiktok lesen und beeinflussen" vum Caroline Amme (3. Juni 2024)
  4. Why Countries Are Trying to Ban TikTok vum Sapna Maheshwari an Amanda Holpuch (28. November 2023)