Tild

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tilde)
~

Tild ass den Numm vum diakriteschen Zeechen ~. D'Tild steet meeschtens iwwer (méi seelen ënner) engem Buschtaf; an den Naturwëssenschaften ass s'en eegestännegt Symbol. Den Numm kënnt aus dem Latäin titilus (Tableau, Schrëft uewendriwwer).

Bei Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

An der portugisescher Schreifweis gëtt d'Tild iwwer de Vokaler 'a' an 'o' gebraucht, fir unzeweisen, datt déi nasaléiert (duerch d'Nues) ausgeschwat ginn (/ã/ an /õ/). Am internationale phoneeteschen Alphabet huet se déi selwecht Funktioun.

Am Spuenesche steet d'Tild iwwer dem /N/, fir unzeweisen, datt deen wéi [ɲ] ausgeschwat gëtt (wéi an "España"). Och aner Sproochen, wéi Baskesch, Bretonesch, Estesch oder Vietnameesesch gebrauchen d'Tild.

Naturwëssenschaften[änneren | Quelltext änneren]

An den Naturwëssenschafte gëtt mat der Tild ausgedréckt, datt zwou Saachen an engem gläiche Verhältnes zouenee stinn (proportionell sinn); z. B. fir unzeginn, datt eng ofgeluechten Distanz s proportionell zu der ofgeluechter Zäit t ass, kann ee schreiwen: s ~ t.

Zwee iwwerenee geschriwwen Tilden drécken aus, datt eppes ongeféier eppes anerem entsprécht: z. B. π ≈ 3,14159.