Titeuf

Vu Wikipedia
De Personnage vum Titeuf op enger Fassade vun engem Gebai an der Rue de la Calle zu Onex, Am Kanton Genf.

Den Titeuf ass e Comicspersonnage an eng no him genannte Comicsserie, déi vum Schwäizer Auteur a Moler Zep (fir richteg: Philippe Chappius) 1992 erschafe gouf. Haaptfigur ass e Jong vun 8 Joer, den Titeuf. Dës Comicsserie gouf a méi wéi 8 Sproochen iwwersat, dorënner och op Spuenesch, Tierkesch an Hebräesch. Den Titeuf gehéiert zu den am meeschte verkaafte franséische Comics.[1] Ausserdeem ass et eng Mediefranchise, déi op ville Supportë kommerzialiséiert gëtt.

Offiziellt Logo

Figuren[änneren | Quelltext änneren]

Zu de wichtegste Personnagë gehéieren:

  • Titeuf: Den Haaptpersonnage vum Comic ass den Titeuf, en aachtjärege Jong, deen duerch seng grouss blond Mèche erkennbar ass, an eng Zort Markenzeechen ass. Säin Numm kënnt aus dem franséische P'tit Œuf ("klengt Ee"), wéinst der Form vu sengem Kapp. Den Titeuf benotzt oft seng eegen Expressioune fir sech auszedrécken wéi zum Beispill "tchô" oder "c'est pô juste". Zu senger Famill gehéieren ënner anerem seng Elteren, de Roger (35 Joer) an d'Anne-Mathilde (33 Joer), seng kleng Schwëster d'Zizi (1 Joer), seng Tatta Monica (30 Joer) a seng Kusin, d'Julie. Fir hie si seng Kolleegen dat wichtegst well mat hinnen erlieft hien alles a verwierklecht seng gréissten Dreem. Wéi bal all Jong huet och hie sech an e Meedche verléift, nämlech a seng Klassekommerodin Nadia.[2]  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Titeuf (Personnage).
  • Manou: De Manou ass dem Titeuf säi beschte Kolleeg a Bänknoper an der Schoul. De Manou ass éischter ee scheie Jong ma mécht trotzdeem all Blödsi mat. Säin 'Markenzeechen' ass seng déck Nues a säi grousse schwaarze Brëll. De Manou an den Titeuf verbrénge vill Zäit mat eneen a stellen zesummen konterbosseg Theorien op, fir d'Welt vun den Erwuessene besser ze verstoen.[3]
  • Nadia: D'Nadia ass dat Meedchen, an dat net nëmmen den Titeuf verléift ass, ma och de Rescht vun den anere Jongen an der Klass. Hatt gëtt als dat schéinst vun der ganzer Schoul ugesinn. Och wann hatt éischter méi ländlech ausgesäit, hält hat sech fir eppes Besseres. Zesumme mat senger beschter Frendin Valérie, genannt "Dumbo", huet hatt eng ganz Lëscht mat sengen Lieblingsjongen opgesat, woubäi den Titeuf net seng Nummer 1 ass.[3]
  • Valérie: D'Valérie, och "Dumbo" genannt, ass dem Nadia seng bescht Frëndin. Hatt gëtt wéinst senge groussen Ouere gemobbt an, wéi dee klengen Elefant aus dem Disney-Zeechentrickfilm, "Dumbo" genannt. Niewebäi ass hatt och e bëssen de Streber aus der Klass an zéckt och net, d'Jongen, déi Dommheete gemaach hunn, bei der Joffer ze verklapen. Am Fong haasst hat den Titeuf a gëtt him och méi wéi eemol eng op de Bak. Hatt ass heemlech an dem Titeuf säi beschte Kolleeg Manou verléift.[4]
  • Hugo: Den Hugo ass dee gréissten an deen eelsten aus der Klass - hie gëtt dofir och "Groussen" (Grand) genannt - an hien ass een, dee gär a vill ësst, am léifste Schockela. Wat d'Meedecher ubelaangt ass hie ganz selbstsécher, fir hien ass d'Laëtitia Cassepas seng zukünfteg Fra.[3]
  • Hervé: Den Hervé, och "Vomito" genannt (op Italieenesch = sech iwwerginn), gehéiert och zum Titeuf senger Band. Säi Spëtznumm kënnt dohier, well hie sech fir bal all Situatioun (ob am Bus, wann hie Blutt gesäit oder wann hien ze vill giess huet) iwwergëtt. Hie gëtt dowéinst och e bësse gemobbt. Ausserdeem ass hien éischter onmotivéiert ass, ganz am Géigendeel vun sengem Hamster Moulinus.[3]
  • François: De François ass ee Wëssenschafts-Freak, hien ass voll begeeschtert vun allem, wat d'Wëssenschaften ubelaangt, wéi zum Beispill d'Mathematik. Leider gëtt hien e bëssche vum Titeuf a senge Kolleegen ausgenotzt, andeems si hien heiansdo hir Hausaufgabe schreiwe loossen. Trotzdeem hunn den Titeuf a seng Clique hie gäer als Kolleeg an ameséiere sech dacks mat him a mat sengem Hond Clovis.[3]
  • Jean-Claude: De Jean-Claude ass e bësschen de Stoussnéckel vun der Grupp . De Jean-Claude ass duerch seng Zännspaang a seng buuschteg Aperhoer erkennbar. Hie seet souguer, dass seng Zännspaang him géif Superkräfte ginn. Säi gréisste Wonsch ass et, eng kleng Schwëster oder een klenge Brudder ze kréien, deen eventuell mat enger Zännspaang op Welt kënnt.[3]
  • Madame Biglon: D'Madame Biglon ass d'Joffer vun der Klass a gëtt vun de Schüler als hire gréissten Albdram ugesinn, well Ss därmoosse streng ass. Den Titeuf a seng Band ënnerstellen hir, si wier een Ausserierdeschen a wäer an den Här Dubouvreuil verknallt.[5]

Ausgaben[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Dieu, le Sexe et les Bretelles) (1993, faarweg Neioplo 2000)
  2. L'amour, c'est pô propre (1993)
  3. Ça épate les filles (1994)
  4. C'est pô juste... (1995)
  5. Titeuf et le derrière des choses (1996)
  6. Tchô, monde cruel (1997)
  7. Le Miracle de la vie (1998)
  8. Lâchez-moi le slip ! (2000)
  9. La Loi du préau (2002)
  10. Nadia se marie (2004)
  11. Mes meilleurs copains (2006)
  12. Le Sens de la vie (2008)
  13. À la folie ! (2012)
  14. Bienvenue en adolescence ! (2015)
  15. À fond le slip ! (2017)
  16. Petite poésie des saisons (2019)
  17. La grande aventure (2021)

Spezialausgaben[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Guide du zizi sexuel (en Opkläerungsbuch; 2001)
  • Petite poésie des saisons (2005)

Succès[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum aachtjäregen Titeuf hat an huet e grousse Succès. 1992 koum deen éischten Album vun der Serie Titeuf beim Editeur Glénat eraus. Am Ufank goufe just e puer dausend Exemplairen dovu verkaf, mä schonn e puer Joer méi spéit war et ee vun de meeschtverkaafte Comics a Frankräich. Bis 2008 ass d'Zuel vun de verkaaften Exemplairë bis op 16 Milliounen a 25 verschiddene Sprooche geklommen. Ab 2013 huet den Editeur Fleurus d'Comicke vum Zep iwwerholl.[1]

Adaptatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst sengem Succès gouf de Comic a verchiddene Formen a Formater adaptéiert.

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Hachette Jeunesse huet de Comic vum Titeuf a 16 Erzielungen adaptéiert :

  • Même po mal (2000)
  • C'est po croyab' (2000)
  • C'est po une Vie (2000)
  • C'est po malin (2000)
  • Pourquoi moi ? (2001)
  • Les filles, c'est nul ! (2001)
  • Tchô la planète (2002)
  • Le préau atomique (2003)
  • Ah ouais d'accord (2003)
  • Au secours (2004)
  • Tcheu la honte (2004)
  • Tous des pourris du slip (2006)
  • La méga classe (2008)
  • Un truc de dingue ! (2011)
  • Titeuf, le roman du film (2011)
  • Rock'n roll attitude (2013)

Gesellschaftspiller[änneren | Quelltext änneren]

Och zwee Gesellschaftspiller, déi um Titeuf sengen Erliefnesser baséieren, goufen erausbruecht.

Animatiounsfilm[1][änneren | Quelltext änneren]

De 6. Abrëll 2011, fir den zwanzegste Gebuertsdag vum Personnage, bréngt de Zep Titeuf, le film an 3D eraus. Hien huet d'Dréibuch geschriwwen an den Zenario och selwer realiséiert. D'Originalstëmm vum Titeuf huet de franséische Schauspiller Donald Reignoux iwwerholl.

D'Geschicht vum Film geet domat un, datt dem Titeuf seng Eltere wëlles hunn, sech scheeden ze loossen, an dofir geet seng Mamm och fir eng Zäit bei hir Grousseltere wunnen. An der Tëschenzäit plangt den Titeuf, d'Nadia fir sech ganz eleng ze hunn, an zwar andeems dem Nadia seng Mamm sech mam Titeuf sengem Papp bestuede géif...

Den Zep gëtt allerdéngs zou, datt de Film méi no un der Comicrei läit wéi un der Serie.

Videospiller[1][änneren | Quelltext änneren]

Planet Interactiv huet an Zesummenaarbecht mat Infogames de 7. Juni 2001 a Frankräich een éischt Videospill erausbruecht, dat um Titeuf baséiert. Dëst Videospill ass vum Typ hier éischter ee "Party Game", dat heescht dass d'Spill a Mini-Spiller ënnerdeelt ass. Et gouf fir de Game Boy Color Console entworf. Et hat keen esou e grousse Succès wéi de Comic selwer.

Et koumen no:

  • Titeuf, le jeu (sur Game Boy Color) (2001)
  • Titeuf : Ze Gag Machine (fir Game Boy Advance) (2002)
  • Titeuf : Mega Compet' (fir Game Boy Advance / PlayStation 2 / PC (2004)
  • Titeuf : Mission Nadia (fir Nintendo DS) (2005)
  • Le Monde de Titeuf (fir Nintendo DS) (2007)
  • Le Monde de Nadia (fir Nintendo DS) (2007)
  • Titeuf Mégafunland (fir Nintendo DS) (2008)
  • Nadia Mégafunland (fir Nintendo DS) (2008)
  • Titeuf, le film (fir Nintendo DS, Wii a PC) (2011)

Tëleesserie[änneren | Quelltext änneren]

MoonScoop (Saison 1 bis 3), Saban Entertainement (Saison 1) a Go-N productions (Saison 4) hu vun 2001 bis 2016 am Ganze 4 Staffelen an 325 Episoden an Zesummenaarbecht mam Zep produzéiert. Eng Episod dauert am Duerchschnëtt 10 Minutten. Si goufen am Ufank op Canal J an dono op France 3 ausgestraalt. D'Handlung dréint sech, wéi am Comic och, ëm den Alldag vum klengen Titeuf an ëm seng Siicht op d'Welt vun den Erwuessenen.

Afloss[1][änneren | Quelltext änneren]

D'Comicserie huet e groussen Afloss op zwee verschidde Beräicher:

2001 huet den Zep zesumme mat senger deemoleger Fra, der Hélène Bruller, e Buch mam Titel Guide du zizi sexuel erausbruecht. Dëst ass en Opklärungsguide fir Jugendlecher iwwer Sexualitéit, déi op eng witzeg awer edukativ Aart a Weis duergestallt gëtt. D'Hélène Bruller huet d'Texter dozou geschriwwen an den Zep huet kleng witzeg Zeechnungen derbäigesat. D'Zeechnunge stellen den Titeuf a seng Frënn a verschiddene Situatiounen duer, an de Guide behandelt déi grouss Theemen, déi wärend der Pubertéit wichteg ginn, wéi zum Beispill d'Léift, d'Geschlechtskrankheeten an ënner anerem de Geschlechtsverkéier.

Wéinst dem grousse Succès vun der Comicfigur wollten Elteren hiert Kand "Titeuf" nennen. E Gesetz vum 8 Januar 1993 seet effektiv, dass d'Elteren fräi entscheede kënnen, wéi hiert Kand heesche soll, ob en erfonnten Numm oder net, soulaang en net dem Kand schuede géif. 2009 huet en Etat-civils-Beamten awer entscheet, dat wier de Fall, an d'Eltere kruten et net erlaabt, hire Béifchen esou ze nennen.[Source?] Den Numm "Titeuf" gëllt also nëmmen eleng fir d'Comicfigur.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Titeuf, in: Wikipedia, URL:https://fr.wikipedia.org/wiki/Titeuf consulteiert den 28/12/2018.
  2. Titeuf, Les Personnages, in: Canal J, URL: https://web.archive.org/web/20181222002818/http://www.canalj.fr/La-tele/Dessins-animes/Titeuf/Details/Les-personnages/Titeuf , consulteiert den 29/12/2018
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 Titeuf: les personnages, in: Parents Momes, URL: http://www.momes.net/Apprendre/Heros-et-personnages/Titeuf/Titeuf-les-personnages, consulteiert den 29/12/2018.
  4. Valérie, in: Canal J, URL: https://web.archive.org/web/20181222002818/http://www.canalj.fr/La-tele/Dessins-animes/Titeuf/Details/Les-personnages/Titeuf, consulteiert den 30/12/2018.
  5. Liste des Personnages chez Titeuf, Madame Biglon, in: Academic, URL: http://fracademic.com/dic.nsf/frwiki/1054872#Les_amis_de_Titeuf , consulteiert den 30/12/2018.