Mobbing

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mobbing, aus dem Englesche mob fir "Pak, Buttek, Räbbi", an dem englesche Verb to mob fir "iwwer een hierfalen, ugräifen" ass en Ausdrock fir Psychoterror op der Aarbechtsplaz, a Schoulen oder bannent Organisatiounen.

1963 huet den éisträichesche Verhalensfuerscher Konrad Lorenz a sengem Das sogenannte Böse de Fong vu senger Instikttheorie op de Mënsch iwwerdroen an domat de Problem den Ugrëff vu sozial Schwaachen op en iwwerstaarke Géigner beschriwwen, a deem Fall dee vu Gänsen op e Fuuss.

Déi modern Definitioun vum Schikanéieren an der Aarbechtswelt huet sech eréischt an den nonzeger Joren erausgeschielt.

Mobbing asbl[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg hunn den LCGB an de Syprolux 2001, d'Associatioun Mobbing a.s.b.l. géint de Mobbing op der Aarbechtsplaz gegrënnt.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert I. Sutton: Der Arschloch-Faktor, Okt. 2006, Hanser Wirtschaft. Aus dem Amerikaneschen. E Professer fir Managemant vun der Stanford-Universitéit beschreift, wéi ee mat Aarschlächer ronderëm ee ka fäerdegginn. Et ass eng Iwwersetzung vun "The No Asshole Rule: Building a Civilized Workplace and Surviving One That Isn'".