Titicacaséi

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Titicacaséi
Land Peru,
Bolivien
Länner um Uwänner Bolivien, Peru
Fläch 8.372 km²
Héicht. i. M. 3.812 m

Den Titicacaséi ((es) Lago Titicaca; Quechua Titiqaqa qucha) ass mat enger Fläch vun 8.372 km² de gréisste Séisswaasserséi a Südamerika[1]. E läit um Altiplano-Plateau an den Anden; de westlechen Deel vum Séi gehéiert zu Peru, den ëstlechen zu Bolivien. Vun der Fläch hier, ass et den uechtzéngtgréissten natierleche Séi op der Welt.

Den Titicacaséi läit op enger Héicht vun 3.812 m iwwer dem Mier, ass 178 km laang, bis zu 67,4 km breet an huet eng duerchschnëttlech Déift vun 107 m. Et ass dat héchst kommerziell schëffbaart Gewässer op der Äerd.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Titicacaséi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. List of lakes | World Lake Database - ILEC. wldb.ilec.or.jp. Gekuckt de(n) 2023-12-03.