Toledaner Tafelen

Vu Wikipedia

Toledaner Tafelen ass eng vun arabesche Geléierte vum Maureräich am 11. Joerhonnert zesummgestallt astronomesch Datesammlung, déi deemools déi exakst Donnéeën iwwer d'Himmelskierperstellung zu verschiddenen Zäitpunkte festgehalen hat. Si waren domat vu grousser Bedeitung fir d'Héichséischëfffaart.

Den Almanach gouf deelweis och vum zu senger Zäit bekannten Astronom Al-Zarqali editéiert, dee bis zu der chrëschtlecher Eruewerung duerch den Alfons VI. de 25. Mee 1085 (kuckt och Reconquista) zu Toledo geschafft hat. Toledo hat am 11. Joerhonnert, an der Zäit vun der Maurenherrschaft, als Tolaitola a wärend dem Kalifat vu Córdoba als Haaptstad vum Taifaräich vun den Dhun-Nuniden, säin Héichpunkt.

An der Mëtt vum 13. Joerhonnert hat de Giovanni Campano Daten aus dësem Wierk fir seng Theorica Planetarum gebraucht. Ëm 1270 goufen d'Toledaner Tafelen duerch d'Alfonsinesch Tafelen ersat, déi op Uerder vum Alfons X. zesummegestallt goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie