Torremolinos

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Plaz no beim Strand
Deel vun der Strandpromenade

Torremolinos ass eng Stadgemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Si ass eng vun den 100 Gemengen vun der Provënz Málaga.

D'Stad Torremolinos huet 66.957 Awunner (Stand: 2010) op enger Fläch vun 20,17 km². Dat entsprécht 3.320 Awunner pro km². Déi an dräi Deeler ënnerdeelte Gemeng ass deemno dicht besidelt. Déi offiziell Sprooch ass Spuenesch (Kastilesch).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Torremolinos läit eppes 563 Kilometer vun der spuenescher Haaptstad Madrid ewech, un der Südküst vun der ibeerescher Hallefinsel.

12 Kilometer südwestlech vu Málaga un der Costa del Sol verleeft d'Stad tëscht den Ausleefer vun der Sierra de Mijas (Sierra Llana) an der südëstlecher Küst, am westlechen Deel vun der Bucht vu Málaga. Op enger Distanz vu 6 Kilometer, tëscht Málaga an Torremolinos, läit den Airport Málaga. Nopeschgemenge sinn am Südweste Benalmádena, am Nordwesten Alhaurín de la Torre an am Norden d'Provënzhaaptstad Málaga. D'Héicht bedréit am Schnëtt 49 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Stadopdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Torremolinos besteet aus follgenden Deeler:

  • El Bajondillo
  • El Calvario
  • La Carihuela

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima zu Torremolinos entsprécht deem vun der ganzer Costa del Sol, also dem Mëttelmierklima. D'Duerchschnëttstemperatur bedréit 17,8 Grad Celsius bei 2.800 Sonnestonnen am Joer.

Fotosalbum[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Torremolinos – Biller, Videoen oder Audiodateien