Benalmádena

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Puerto Marina vu Benalmádena

Benalmádena ass eng Stadgemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Se ass eng vun den 100 selbststännnege Gemengen an der Provënz Málaga.

D'Stad Benalmádena huet 52.217 Awunner (Stand: 2007) op enger Fläch vu 26,58 km². Dat entsprécht 1.964,5 Awunner pro km². Déi an dräi Deeler opgegliddert Gemeng ass sou markéiert vun enger héijer Populatiounsdicht. D'offiziell Sprooch ass Spuenesch (Kastilesch).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Benalmádena läit ronn 566 Kilometer vun der spuenescher Haaptstad Madrid ewech op der Südküst vun der ibeerescher Hallefinsel, 22 Kilometer südwestlech vu Málaga op der Costa del Sol.

D'Stad läit laanscht d'Küst déi südlech a südëstlech verleeft. D'Nopeschgemenge sinn am Weste Fuengirola a Mijas, am Norden Alhaurín de la Torre an am Nordosten d'Gemeng Torremolinos. D'Uertschaft läit am Schnëtt op enger Héicht vun 280 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Benalmádena – Biller, Videoen oder Audiodateien