Traité vun Iechternach

Vu Wikipedia

Den Traité vun Iechternach ass e Vertrag tëscht dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an dem däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz iwwer d'Ekonomie vum Waasser am Grenzgebitt vun den zwee Länner.

E gouf de 17. Oktober 1974 zu Iechternach ënnerschriwwen, an zu Lëtzebuerg duerch d'Gesetz vum 8. Juli 1975 approuvéiert.