Transport automatisé urbain

Vu Wikipedia
Eng Motrice vun zwou déi Rescht bliwwen ass, am Lécker Tramsmusée

Den Transport automatisé urbain ofgekierzt TAU war e Projet fir e vollautomatiséierten Tram zu Léck.

Dee System vun engem sougenannte Liichte Metro gouf déi Zäit als eng gutt Léisung fir den interurbane Persounentransport ugesinn. E gouf vun de Constructeuren als bëllegt, séchert, a confortabelt Transportmëttel, wat sech gutt un d'Transportproblemer vu mëttelgrousse Stied upasse kann, duergestallt. 1985 gouf de Projet zu Léck op der Place Saint-Lambert virgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]