Trocadero (Insel)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Trocadero
Geographie
Land Spuenien
Läit an/am Bucht vu Cádiz (Atlantik)
Koordinaten: 36° 30’ 30.97’’ N
      06° 13’ 48.21’’ W
Fläch ± 525 ha
Héicht 0,45 (IGN:es)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Andalusien
Provënz Cádiz
Demographie
Awunnerzuel 0 (2015)

D'Insel Trocadero (es: Isla del Trocadero) ass eng kleng Insel an der spuenescher Provënz Cádiz an der autonomer Gemeinschaft vun Andalusien. Se gehéiert zu der Gemeng Puerto Real an ass zanter 1989 en Naturschutzgebitt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel läit am südlechen Deel vun der Bucht vu Cadix, a südwestelech vu Puerto Real.
S'ass 4,3 km laang a maximal 1,0 km breet, huet eng Fläch vu 525 ha an ass vum Festland duerch den Trocadero-Kanal getrennt.

Den Ënnergrond besteet aus fluvial-marine Sedimenter vu schluffegem Sand, an deem sech natierlech Suppe bilden, vun deenen der en ettlech salzeg sinn. D'Vegetatioun besteet zu engem groussen Deel aus Mierlavendel.

Et ass eng intressant Plaz fir Vullen z'observéiere wéi z. B. Kormoranen, Waasserhéngercher, Flamingoen, Blesshénger, Fëschräer a Méiwen. Et ass eng wichteg Raschtplaz fir Wandervullen grad sou wéi e gudde Liewensraum fir heemesch Aarten.

Ëm d'Insel gi vill Fësch a Crustaceeë gefaangen, déi an der Regionalkiche verschafft ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel war fréier eng wichteg Handelsplaz, an et gouf en ettlech Ateliere fir Schëffer ze flécken. D'Festung San Luis op der Südwestspëtz vun der Insel war e wichtegen Deel vun de Festunge vun der Bucht vu Cádiz. Eng Zäit laang gouf et Salzweieren op der Insel, déi awer no an no vernoléissegt goufen, an haut zum Naturpark Bahía de Cádiz gehéieren.

Um Enn vun der spuenescher Revolutioun vun 1820 gouf do den 31. August 1823 bei der Schluecht vun Trocadero d'Festung op der Insel vun den Truppe vum franséische Expeditiounskorps (es: Cien Mil Hijos de San Luis) ënner dem Kommando vum Herzog vun Angoulême, eruewert. Dem Colonel Garcés seng Truppe hu sech dräi Wochen duerno zu Cádiz definitiv erginn, an de Kinnek Ferdinand VII. deen do festgehale gi war, koum nees fräi.

Zu Paräis erënneren en ettlech Plaze wéi z. B. d'Place du Trocadéro un dat Evenement vun 1823.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Fréier gouf déi ganze Landspëtzt westlech vu Puerto Real, déi tëscht dem Rio San Pedro an dem südlechen Deel vun der Bucht läit, an haut de Quartier Barriada Rio San Pedro bilt als Hallefinsel Trocadero bezeechent[1]. A Geschichtsrapporte kann deemno och alt mol de ganzen Deel gemengt sinn, an net nëmmen déi haiteg verloossen Insel.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kaart Cadiz vun 1810