Tuerm vu Condé-sur-Marne

Vu Wikipedia
Den Tuerm zu Condé-sur-Marne

De sougenannten Tuerm vu Condé-sur-Marne ass e Waasserschlass aus dem Joer 1869 dat zum Alimentatiounssytem vum Scheetbaseng vum Aisne-Marne Kanal gehéiert. E steet am flaache Land vun der Champagne am Hank vun engem Hiwwel op enger Héicht vun 92 Meter an ass sou eng touristesch Attraktioun déi kilometerwäit ze gesinn ass.

Den Tuerm an deem dräi Drockleitunge verstoppt sinn, ass den Ausgankspunkt vun engem Waasserkanal dee siwe Kilometer laang ass a bei der Schleis vu Vaudemange an de Scheetbaseng leeft. D'Waasser gëtt vun der Pompelstatioun vu Condé-sur-Marne déi um Bord vum Säitekanal vun der Marne steet, eng ronn 20 Meter an d'Luucht gepompelt, fir dann duerch seng eege Gravitatioun weiderzelafen.

Am Hank, fir den Iwwergank tëscht dem Tuerm an dem natierlechen Terrain ze maachen, gouf eng 150 Meter laang stengen Aqueducsbréck mat 17 Béi (wouvun ee verstoppt ass) gebaut.