UdSSR-Monument Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
UdSSR-Monument Esch-Uelzecht
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Lalleng
Koordinaten 49°30'46,368"N, 5°59'13,596"O
Ageweit 31. Oktober 1957
d'Monument.

D'UdSSR-Monument zu Esch-Uelzecht ass e Krichsmonument, dat un déi 52 Sowjetbierger erënnert, déi zu Lëtzebuerg an der Zäit vum Zweete Weltkrich, wuer se als Krichsgefaangen oder Ostarbeiter verschleeft gi waren, gestuerwe sinn.

Et steet zu Lalleng um Kierfecht.

D'Monument gouf den 31. Oktober 1957 op Initiativ vun der Association des parents des déportés militaires luxembourgeois a Presenz vum Emile Colling, Minister vun den Rapatriéierten, an dem sowjeteschen Ambassadeur Iwan-A. Melnik ageweit[1].

D'Opschrëft vum Monument ass:

Aux citoyens de
l'U.R.S.S.
morts au Luxembourg
1940-1945[2]

Den 10. Mee 1995, dem 50. Joresdag vum Enn vum Zweete Weltkrich an Europa, gouf eng Commemoratiounsplack säitlech vum Stäil ubruecht. Dorop steet:

Russie
reconnaissante à ses
compatriotes morts en captivité
le 8 mai 1995

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: UdSSR-Monument Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jeng Geimer: "Ces monuments témoins de notre passé: Monuments et bâtiments historiques à Esch." In: 100 Joer Esch 1906-2006. Esch-sur-Altzette, 2005, S. 280-295; hei: S.291.
  2. Centre national de la Résistance, boîte 504