Uergel Kierch Ëlwen

Vu Wikipedia
D'Uergel

D'Uergel an der Kierch vun Ëlwen ass um Duxall vun der Ëlwener Parkierch Hellegen Andreas.

D'Uergel ass zum Deel nach aus der Zäit, wou d'Kierch als Franziskanerkierch gebaut gouf (ëm 1658): D'Wierk ass warscheinlech vun engem südnidderlännesche Uergelbauer a gouf ëm 1658-1675 gebaut. Och de Buffet ass aus dem 17. Joerhonnert.[1] Et ass deemno mat déi eelst am Land.

De 15. Dezember 1989 gouf si op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument agedroen.[2]

D'Uergel gouf 1991-96 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder renovéiert. 2019 ass se vum Uergelbauer Damien Thoma grëndlech reviséiert ginn.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uergel Kierch Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Michael Schmitt: Katholische Pfarrkirche St. Andreas Ulfingen (Troisvierges).Verlag Schnell & Steiner, Regensburg, 2003, S.14.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. "Ulflingen: Neuer Glanz für alte Orgel." wort.lu, 25-04-2019.