Uergel Kierch Ënsber

Vu Wikipedia
D'Uergel an der Kierch vun Ënsber

D'Uergel an der Ënsber Kierch stammt aus dem Joer 2006.

D'Uergel, eng nei Konstruktioun, staamt aus der Uergelmanufaktur Hugo Mayer vun Heusweiler, enger Familljenentreprise aus dem Saarland.

D'Uergelgehais ass aus amerikaneschem Alënter-Holz, dat duuss ofgestëmmte Blummemuster weist.

Déi 366 Päifen verdeele sech op:

  • I. Manual: C-g3 Bourdon 8' / Blockflütt 4' / Cromorne 8'
  • II. Manual: Bourdon 8' (Transmissioun) / Doublette 2' Sesquialter duebel
  • Pedall: Subbass 16'
  • Manualkoppel (Schibekoppel) II-I
  • Pedallkoppel (Wiesselkoppel) I/P, II/P.

D'Uergel huet zwee Manualer a siwe Regësteren.

De 26. November 2006 koum et no der Restauratioun zu der Altorkonsekratioun an der Aweiung vun der neier Uergel duerch den Äerzbëschof Fernand Franck.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]