Uergelmanufaktur Hugo Mayer
Ausgesinn
D'Uergelmanufaktur Hugo Mayer zu Heusweiler am Saarland ass e Familljebetrib, an deem an der drëtter Generatioun Uergele gebaut ginn.
D'Firma beschäftegt 25 Leit, dovun dräi Uergelbaumeeschteren.
Mayer-Uergelen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Nei Uergel
[änneren | Quelltext änneren]- 2005, nei Müller-Uergel an der Kierch zu Pënsch
- De 14. November 2006 gouf an der Kierch zu Ënsber eng nei Mayer-Uergel opgebaut. D'Aweiung war de 26. November.
- 2008, eng Hausuergel zu Reiland (oder fir e Reuland)[1]
- Truenuergel an der Basilika vun Iechternach
Restauratiounen
[änneren | Quelltext änneren]- 2004, d'Müller-Uergel an der Kierch Esch-Sauer
- 2007, Restauratioun vun der historescher Dalstein-Haerpfer Uergel an der Kierch zu Trënteng
- 2007/08, Restauratioun vun der historescher Uergel an der Kierch vum Hospice civil am Pafendall
- 2010 Restauratioun an deelweisen Neibau vun der Uergel an der Mäerteskierch vu Jonglënster
An der Belsch
[änneren | Quelltext änneren]- 2001 gouf d'Uergel an der Kierch Saint-Martin vun Arel vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer restauréiert
- 2006 gouf d'Uergel vun der Sacré Coeur vun Arel restauréiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Hausorgel Reuland in Luxemburg op der Websäit vun der Firma