Op den Inhalt sprangen

Kierch Saint-Martin vun Arel

Vu Wikipedia
D'Kierch 1991 aus der Loft gesinn
Baussevue vun der Kierch St. Martin
Haaptportal

D'Kierch Saint-Martin vun Arel gouf um Ufank vum 20. Joerhonnert gebaut. De Grondstee gouf 1907 geluecht. De Bau war grad fäerdeg wéi den Éischte Weltkrich1914 lassgoung.

De Plang dovun hat den Architekt Van Gheluwe vun Namouer gemaach; no deem sengen Doud huet den Architekt De Noyette vu Ledeberg e ganz geännert. D'Gebai huet e schéine Schäin a geet op de Wonsch vum Kinnek Léopold II. zeréck, dee beschten Androck ze maachen op d'Auslänner bei hirem Agank an d'Belsch.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Kierch ass déi drëtt Kierch zu Arel déi den Numm vum hellege Mäerten dréit.

Se gouf den 22. August 2007 als historescht Monument klasséiert.

Éischt Kierch

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kierch, där hire Bau bis an d'véiert Joerhonnert zeréckgeet, stoung baussent de Mauere vun Arel net wäit ewech vun der Quell vun der Semois an enger réimescher Siidlung (haut: rue des Thermes Romains).

Deemools huet Arel Orolaunum geheescht a louch op der Kräizung vun zwéi grousse Kiemen, de Kiem vu Reims op Tréier an dee vu Metz op Köln an Tongeren. Et gëtt ugeholl, datt se am Ufank dem Hl. Markus oder dem Hl. Blasius geweit war.

Am Laf vun de Joerhonnerte gouf se e puermol ëmgebaut a vergréissert a gouf dann déi éischt Parkierch vun Arel déi den Hl. Mäerten als Patréiner hat.

Dës Kierch gouf vun de franséischen Truppe vum Duc de Guise kuerz e kleng geschloen.

Am Joer 1571 gouf déi zweet Mäerteskierch bannent de Festungsmaueren opgericht. Dofir gouf een aalt Spidol vergréissert an ëmgebaut.

E grousst Feier am Joer 1660 huet déi Kierch deelweis zerstéiert a si ass eréischt géint 1681 nees opgeriicht ginn. Ee Joerhonnert méi spéit, 1785 huet erëm e Feier den Daach an de Klackentuerm zerstéiert. D'Hëtzt war sou grouss datt d'Klacke geschmolt sinn. Am 19. Joerhonnert gouf den Tuerm gehéicht an de Klackentuerm nei opgebaut.

An dëser Kierch goufe Masse bis 1914 gehalen, an tëscht 1935 an 1936 gouf se ofgerappt. Si stoung um Eck vun der haiteger Groussgaass an der Etienne-Lenoir-Strooss.

Wéi d'Kierch ofgerappt gouf ass d'Portal dovu versuergt ginn, an um Fouss vun der Knippchen (St. Donat) opgeriicht ginn.

Drëtt Kierch

[änneren | Quelltext änneren]

Déi drëtt Kierch, déi vun haut, gouf tëscht 1907 an 1914 um Schwentzy (plateau du Schwentzy) opgeriicht, well déi al Kierch mat 22 op 10 m ze kleng gi war.

Zanter 2015 si Renovatioune vun der Kierch amgaangen. Déi Aarbechte solle sech iwwer 10 Joer verdeelen, bei engem Käschtepunkt vun 8 Milliounen Euro.[1]

D'Kierch vu baussen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai ass vum "ogivale" Stil, vum "gothique rayonnant", deem seng Originnen an dat 13. Joerhonnert zeréckginn. Iwwer dem mächtegen Tuerm steet eng aachteckeg Spëtz aus bloem Steen, mat engem stenge (an net bronze) Kräiz. Den Tuerm huet eng Héicht vun 97 Meter. Et ass den héchste Kierchtuerm an der Belsch.

Dat grousst Portal

[änneren | Quelltext änneren]

Dat grousst Portal ass der Verherrlechung vum hellege Martin geweit, deen an der Mëtt als Statu als Bëschof steet. Den Tympanon erënnert un d'apostolescht Liewe vum hellege Martin.

D'Süd-Portal

[änneren | Quelltext änneren]

D'Süd-Portal erzielt d'Liewe vum hellegen Haupert, dem Patréiner vun den Ardennen. Den Typanon weist dem Haupert seng Bekéierung, wéi hien engem Hirsch mat engem Kräiz begéint ass. Op béide Säite vum Portal sti Statue vum hellegen Adrian a vun der helleger Natalie, Patréiner vun enger aler lokaler Brudderschaft.

D'Nord-Portal

[änneren | Quelltext änneren]

D'Nord-Portal erënnert un de Passage vum hellege Bernard, deen zu Arel gepriedegt an d'Mass gehalen huet. Op béide Säite stinn d'Statue vum hellege Sebastian an der helleger Katharina, Patréiner vun ale Brudderschafte.

D'Kierch vu bannen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Form an d'Gréisst

[änneren | Quelltext änneren]

Bannendran zeechent d'Kierch e laténgescht Kräiz mat enger flaacher Apsis. D'Dimensioune sinn enorm: 68,80 m laang, 35 m breet am Säiteschëff an 23 m héich ënner dem Verwëllef.

D'Mëttelschëff

[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Stäck mat grousse Béi maachen d'Mëttelschëff méi héich. Un den Ecksaile vum Säiteschëff si Skulpturen ze gesinn, déi un d'symbolesch Figure vun de véier Evangelisten erënneren: Mënsch, Léiw, Ochs an Aadler.

Um Duxall steet déi grouss an zwee gedeelten Uergel. En ass gestäipt vun engem Bou mat engem Gelänner mat engem Héichrelief vum Kinnek David an der Mëtt, deen Harf spillt, an ënnendrënner Engelen, déi Musek maachen.

D'Uergel (III/P, 52) gouf 1932 vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntgen gebaut an 2001 vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer restauréiert.

De Priedegtstull

[änneren | Quelltext änneren]

De Priedegtstull vun 1936 ass aus groem Marber a staamt vum Sculpteur Durieu vun Tournai.

D'Rous-Fënster

[änneren | Quelltext änneren]

D'Rosett besteet aus fënnef konzentreschen Zonen an huet an der Mëtt e Medaillon aus Vermeil op deen den Numm vu Jahwee op Hebräesch geschriwwe steet. Zwou Zone si mat Engele gerëscht. Déi baussenzeg weist déi 12 Zodiakzeechen.


Commons: Kierch Saint-Martin vun Arel – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Informatioun op CathoBel