Uergel an der Kierch vum Hospice civil am Pafendall

Vu Wikipedia
D'Uergel vum Chouer aus gesinn

D'Uergel an der Kierch vum Hospice civil am Pafendall ass eng Uergel, déi vum Stroossbuerger Uergelmécher Charles Wetzel senger Firma Orgues d'église et de Salon gebaut gouf. Dacks fënnt een 1843 als Baujoer an der Literatur; dëst ass awer dat Joer, wou d'Nonne vum Hellege Geescht an de Pafendall geplënnert sinn. Eng Quell gëtt un, datt d'Nonnen eng kleng Uergel déi am Joer 1822 renovéiert gi war, 1878 déifgräifend renovéiere gelooss hunn. Dëst misst de Bau vun der Wetzel-Uergel sinn. Och d'Dispositioun deit op déi Period hin.[1]

Si huet zwéi Manualer an eng Pedall, souwéi eng mechanesch Traktur.

Um éischte Manual kann ee follgend Klangfaarwe spillen:[2]

  • Bourdon 16'
  • Montre 8'
  • Bourdon 8'
  • Gambe 8'
  • Prestant 4'.

Um zweeten:

  • Salicional 8'
  • Cor de chamois 8'
  • Flûte harmonique 4'.

Op der Pedall:

  • Sous-basse 16'
  • Montre 8'
  • Violoncelle 8'.

D'Uergel gouf den 11. Dezember 2002 als nationaalt Monument klasséiert[3] a gouf am Wanter 2007/2008 vun der Firma Mayer vun Heusweiler restauréiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Pfaffenthal Hospitz; Ch. Wetzel „Orgues d'Église et de Salon“ 1878 II/8." op orgues.lu.
  2. "Luxembourg-Pfaffental: Hospice civil - Bürgerhospiz" op amisdelorgue.lu Archivéiert op 2007-07-02. Gekuckt de(n) 2012-09-22.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]