Uergel Kierch Leideleng

Vu Wikipedia
D'Uergel an der Leidelenger Kierch

Déi éischt Päifenuergel zu Leideleng[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1934 ass ënner dem Paschtouer Joseph Mathieu den alen Harmonium aus dem Joer 1880 an der Kierch Leideleng duerch eng Päifenuergel ersat ginn. Dës pneumatesch Uergel vum Uergelbauer Georges Haupt vun der Lëntgener Uergelfabréck hat 16 Regëster, déi op 2 Manualen a Pedall verdeelt waren. Finanzéiert gouf se duerch Mëttele vun der Kierchfabréck, enger Kollekt am Duerf an e Subsid vun der Gemeng.

1983/84 gouf d'Uergel restauréiert, de Spilldësch gouf versat an d'Traktur gouf elektresch. Nodeem no an no d'Uergel net méi gesond war, gouf sech Gedanke gemaach, fir se z'ersetzen.

Déi nei Uergel[änneren | Quelltext änneren]

No 60 Joer war d'Zäit fir eng nei Uergel do. Déi 1994 gegrënnten Associatioun "Leidelénger Uergelfrënn" a.s.b.l. huet zesumme mam Professer Pierre Draut dem Uergelbauer Yves Koenig vun der Uergelmanufaktur Koenig zu Sarre-Union den Optrag fir eng nei mechanesch Uergel ginn. De 14. Mäerz 1999, op Laetare, ass dunn déi nei Koenig-Uergel ageweit ginn.