Uergel Kierch Pënsch

Vu Wikipedia
D'Uergel um Duxall (2014)

D'Uergel an der Parkierch zu Pënsch ass eng Uergel, déi 1899 vun der Uergelmanufaktur vun der Bridder Müller vu Reifferscheid gebaut gouf. Si ass um Duxall vun der Kierch vu Pënsch.

Si huet 12 Regësteren, déi op 2 Manualen an d'Pedall verdeelt sinn. Si huet eng sensibel pneumatesch Traktur.

Gebaut gouf se vum Eduard Müller (1851-1915); de Buffet aus massiver Eech ass vum Meeschter Peters vu Burg-Reuland.

2005 gouf se vum Uergelbauer Hugo Mayer vun Heusweiler grëndlech restauréiert, an doropshin de 4. Dezember 2005 vum Äerzbëschof Fernand Franck nei ageseent.

Et ass eng vun de véier Uergelen vun der Manufaktur Gebrüder Müller, déi haut nach zu Lëtzebuerg erhalen ass, an ass zanter dem 7. Dezember 2001 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).